Am Laf vum Schouljoër 2012/13 hu mir um Cents mat verschidde Mataarbëchter vu Bridderlech Deelen zesummegeschafft. Sie hunn de Leit während de Massen an der Faaschtenzäit an de Kanner am Kader vun der Kommiounsvirberedung hier verschidde Projeten nobruecht an hinnen eng Idie ginn, wéi d'Liewen a verschidde Länner op anere Kontinenter ausgesäit a wéi eng Problemer ët do ginn. D'Zesummeschaffen wor ganz angenehm, mir hu gemeinsam Themen festgeluecht an d'Mataarbëchter vu Bridderlech Deelen hunn dozou eppes ausgeschafft, wat jiddfereen ugeschwat a beräichert huet. Mir frëen eis och an Zukunft weider mat hinnen zesummenzeschaffen.
Martine Jungers, Pastoralassistentin am Porverband Cents-Notre Dame-Lampertsbierg-Rolléngergronn