HOPE - Äschermëttwoch 2020

Template hope 615 RVB 2020
 
 

pixa équilibre 2

 

Mercredi des Cendres - Äschermëttwoch

 

Gerechtegket: Harmonie rëm hierstellen

 

Henri Hamus web

Gott huet gesinn: et war gutt, et war ganz gutt! Sou steet et 7 Mol an der Schëpfungsgeschicht am Ufank vun der Bibel.

Wat um Ufank gutt war, sollt och sou bleiwen: gutt, mat enger Uerdnung, déi garantéiert, datt et gutt bleift.

Wann a wou di Uerdnung gestéiert gëtt, do ass eppes net méi gutt, do kënnt dat Ganzt aus dem Gläichgewiicht, do entsteet Chaos, deen iwwert kuerz oder laang alles zerstéiert.

Gott ass besuergt ëm säi Wierk, seng Schëpfung; hien ass besuergt drëm, datt alles am Lot bleift.

Hien ass besuergt, ëm de Mënsch. Wou de Mënsch ënnert d'Rieder geréit, gräift Gott an: "Ech hunn de Misär vu mengem Vollek gesinn", seet hien zum Mose. Duerch de Mose schaaft Gott Fräiheet fir säi Vollek, befreit et aus Ägypten a féiert et an e gutt Land.

An der Bibel gëtt dat Wierke vu Gott "Gerechtegkeet" genannt: Gottes Gerechtegkeet ass, di gutt Uerdnung vum Ufank rëm nei schafen, dat wat kromm ginn ass rëm "riichten".

Gott ass gerecht, hie léisst d'Zerstéierung vu sengem Wierk net zou, hie geet an d'Geriicht mat allem, wat de Kosmos, de Konträr vum Chaos, futti mécht.

Wann de Mënsch Chaos uriicht, heescht dat Sënd: Sënd zerstéiert d'Liewen an Zesummeliewen vu Mënsch a Natur, vu Mënsch a Mënsch, vu Mënsch a Gott!

De gerechte Gott wëll dat, wat gutt ass, rëm hierstellen: Gerechtegkeet ass en "Tu-Wort", eng Aktivitéit. Gottes Gerechtegkeet ass Ausdrock vu senger Léift zu senger Schëpfung, vu senger Léift zum Mënsch. "Do wou d'Sënd mächteg ginn ass, ass d'Gnod iwwermächteg ginn".

Et bréngt näischt, Gerechtegkeet a Baarmhäerzegkeet a Widdersproch ze setzen: well Gott Léift a Baarmhäerzegkeet ass, dofir ass hien gerecht, widdersetzt hien sech allem, wat Schued uriicht, wat béiswëlleg zerstéiert.

Dat Béist ass virun allem do, wou sech bewosst géint Gott entscheed gëtt: dat ass Sënd. Gott léisst dat net duerch. Wou seng Appeller duerch d'Prophéite net gehéiert goufen, schéckt en säi Jong, deen an allem sengem Wëllen entsprécht, de gehorsam war bis an den Dout: Gott huet hien a säi Liewen a seng Botschaft bestätegt, hien huet en aus dem Dout operweckt.

De Jesus huet sou de Scholdschäin vun de Mënschen zerrappt: de Mënsch gëtt vu senger Gottlosegket befreit, kritt d'Chance, sech nei an ëmmer rëm nei dem Wëlle vu Gott ze fügen – net eegen an egoistesch Ziler ze verfollegen, mä sou ze sinn an ze liewen, datt et fir alles a jiddereen gutt ass.

Gerechtegkeet kritt da vill Gesiichter a vill Ausriichtungen: et geet awer ëmmer drëm di ursprénglech Uerdnung rëm hierzestellen, oder anescht gesot: de Wëlle Gottes ze erkennen an ze erfëllen: Gottes Wëllen ass et, datt d'Harmonie ass an der ganzer Schëpfung, datt Gott ka soen: et ass alles ganz gutt, an datt d'Mënschen erfueren: et ass gutt fir alles a jiddereen.

Henri Hamus

 

Banner Mail

 
Fondation Partage Luxembourg
27, rue Michel Welter L-2730 Luxembourg
Tél. 26 842 650 
www.partage.lu 
CCPL IBAN LU74 1111 1261 0097 0000

 

 
Powered by AcyMailing
FaLang translation system by Faboba