Eng Frendschaftsbréck mat Brasilien

Soubaal d’Wieder am Fréijoer nees besser gët, wësse mir zu Steesel , dass et erëm Zäit ass fir ons Frënn aus dem Reebësch a Brasilien ze laafen! Et ass mat de Joren eng grouss Aktioun dorauser entstaanen an aus där Aktioun ass eng formidabel Frëndschaft ginn !

Zënter lange Joren, organiséieren effektif d‘Steeseler Léierpersonal zesummen mat hire Schoulkanner ee groussen zweestënnegen Laaf wouvunner den Erléis fir d’Awunner vum Reebësch bestëmmt ass!

Den Erléis beziffert sech jährlech ëmmer erëm op méi wéi 5000.-€ an ouni déi immens Ennerstëtzung vun den Elteren vun onse Schoulkanner a vun der Gemeng,  wir dës Aktioun net méiglech. Hinnen an och villen anere Leit vu Steesel si mir ee grousse Merci schëlleg!

Virun ätleche Joren haate mir de Patrick Godar vu „Bridderlech deelen“ bei ons op Steesel invitéiert  fir ons iwert d‘Schicksal vun den Urawunner vu Brasilien z‘informéieren ! Mir woren déif beandrockt a betraff vu sengen Erzielungen a mir hun him deemols schonns versprach : mir versichen Dir an och den indigenen Völker dohannen ze hëllefen! Ideen hu mir eréischt duerno gesammelt an esou gouf fleißeg gebastelt, gesongen, gegrillt an Täschegeld gespuert! Am meeschte Succès haate mir awer mat onsem „Stonnelaaf“.

Mir fréen ons all Joer op dem Patrick säi Besuch a mir si stolz wa mir him ons Suen mat op  d’Rees an de Reebësch kënne ginn. D’Kanner molen hire Frënn dohannen da Biller, bastelen esouguer heiansdo ganz Bicher mat Zeechnungen a Fotoen vun ons, vun onser Schoul, vum Stonnelaaf, vu Steesel a vum lëtzebuerger Land! All daat hëlt de Patrick Kranipi ( daat ass dem Patrick säin indigenen Numm) da mat op deen anere Kontinent, an déi Nei Welt.

Wann hien erëm heiheem ass, kënne mir et baal net erwaarden fir d‘Neiegkeeten vun onse Frënn aus Brasilien ze héieren ! De Patrick kann esou liéweg erzielen, dass mir baal ëmmer mengen, mir wiren selwer och mat him dohanne gewiescht! Hien huet ons gehollef eng Frëndschaftbréck zu engem anere Kontinent, Land, Vollek, zu enger ganz anerer Kultur ze bauen an ons eng, bis dohinner onbekannte Welt zougänglech gemaach,  d‘Aen opgemaach fir Neies. Mir hu vum Patrick vill Schéines vun dohannen héieren a gesin, waat ons gehollef huet Respekt virun engem anere Vollek, waat ganz anneschtes liewt an ass wéi mir, ze kréien. Mir hu geléiert Responsabilität fir ons Emwelt z‘iwerhuelen, also fir d’Liewen vun Déier a Mënsch op engem ganz anere Kontinent, esou wäit von ons ewech. Mir hu gemierkt, dass onst Handelen och Konsequenzen fir hirt Liewen kann hun ! Mir hun och geléiert, hir Suergen ze verstoen a mir hu begraff dass, wa mir weiderhin esou verschwenderesch weiderliewen wéi bis elo, mat der Natur esou respektlos ëmgin, mir och enges Dags esou schlecht do sti wéi si.

Schons no kuurzer Zait si mir dofir ëmmer méi begeeschtert vum Projet gin, d’indigen Völker a Brasilien konkret z’ënnerstëtzen. Déi Suen, déi mir hinne schécken gi gebraucht fir e.a. Schoulbicher an hirer Sprooch ze drécken, Kommunikatiouns- an Transportmëttelen ze kaafen, juristeschen Appui ze bezuelen, deen z.Bsp. batter néideg ass fir sech géint d’Zerstéieren vun hirem Liewensraum ze wiiren. Well esou vill fir si dohannen um Spill steet, ass ons Frëndschaft  dofir mat der Zäit ëmmer méi gewuess. Et war fir ons eng immens grouss Fred an Eier wéi enges Dags een Häuptling vun hinnen bei ons op Steesel an ons Klassen koum! Fir hien wor et déi eischt Rees mam Fliger, mee ech mengen mir wore grad esou opgeregt wéi hien!  Fir ons wor et deen éischten “richtegen“ Indio-Häuptling dee mir ze gesi kruuten. D’Kanner haaten endlech d’Gelegenheet, him all hir  Froen ze stellen an ons portugiesech Schülerinnen a Schüler wore richteg frou an houfreg well si sech mat him op portugiesesch konnten ënnerhaalen! Mir behaalen all vun dësem Häuptlingsbesuch en exzellenten a wonnerbare Souvenir.

Domadder hu mir ons Frënn awer net vergiess, au contraire ! Regelmässeg am Fréijoer do mir ons Turnschlappen dofir un, d’Leeferinnen an d‘Leefer sichen sech e „Pätter“ oder eng „Giedel“ a schons si mir prätt fir deen nächsten Stonnelaaf. Op déi Manéier gewënnt onse Projet fir „Bridderlech Deelen“ un Nohaltegkeet an ons Frëndschaftsbréck tëscht Steesel a Brasilien bleiwt, hoffentlech nach lang, bestoen. 

Patricia Braun-Kremer an de ganze Laaftreff vun de Steeseler Kanner, Elteren a Léierpersonal.



Contact

partage.lu - Bridderlech Deelen
27, rue Michel Welter L-2730 Luxembourg
Tél. 26 842 650

logo fondation partage luxembourg Q

Copyright © Partage 2016

 Nos Partenaires 

 Cercle 2019 noir et blanc  CIDSE gray logo de base couleur positif rvb kierch nb votum logo300dpi gris INFOGREEN NB