Oak 1« Heute schon die Welt verändert? » am Bistro OAK

Am Kader vun eisem Slogan « Heute schon die Welt verändert? » huele mir Iech haut mat an den Bistro OAK an der Goethestrooss an der Stad.

Gudde Mëtteg Cédric Feyereisen, Merci datt Dir iech Zäit fir en Interview mat eis huelt!
An ärem Kapp ass d’Iddi fir den Bistro Oak an der Goethestrooss op der Gare entstane. Wéi koum et zu der Iddi?
Majo, ech si vu Formatioun Journalist an hunn och an deem Beruff bei enger grousser Boîte hei zu Lëtzebuerg geschafft. Mee dat huet mech net wierklech erfëllt an ech hat schonn ëmmer Loscht e Restaurant opzemaachen. Ech hunn dunn verschidde Méiglechkeeten duerchgespillt, hat och gekuckt vläicht e Foodtruck opzemaachen. Mee dat Konzept wat am beschte gepasst huet, war dat kléngt Lokal, dat ech elo hunn. Dono hunn ech en Associé mat Businesserfarung iwwert Facebook gesicht, a voilà, den 23. Januar 2017 hu mir eis Dieren opgemaach a lo grad 1 Joer Ouverture gefeiert!
Oak SchokoDen Oak ass keen x-belibegen Restaurant, et ass e vegane Bistro. Kennt Dir eis méi dozou verroden?
Ech kommen aus engem Elterenhaus, wou ëmmer gutt gekacht gouf, och mat Fleesch. Duerch den Afloss vu menger Frëndin gouf ech Vegetarier a spéider Veganer. Et ass net, datt ech déieresch Produkter net gär hunn, mee den Déieren an der Ëmwelt zu Léift, hunn ech mech ëmgewinnt. Et ass eng Tatsaach, datt mir als Eenzelpersoun iwwert eis Choix’en beim Iessen e groussen Hiewel besëtzen, fir eis fir d'Wuel vun aneren Liewewiesen an d’Ëmwelt anzesetzen. Sech ëmgewinnen war am Ufank net einfach. Duerch mäin Elterenhaus war ech gutt Iesse gewinnt, dofir war et fir mech wichteg, datt mäi vegaant Iessen och lecker ass. Ech sinn op d’Sich no Rezepter gaangen an hunn onheemlech vill ausprobéiert. Dobäi hunn ech erausfonnt, datt vegaant Iessen ganz ofwiesslungsräich ka sinn, an immens gutt schmaache kann. Et ass eigentlech manner limitéiert, wéi wann een e Restaurant vun enger bestëmmter Landeskichen huet. Eisen Avantage ass, datt mir aus der Kichen vun alle Länner dat Bescht kennen huelen, fir et an eise Platen ze integréieren. Et gëtt esou vill Zorten Uebst, Geméis an aneres wat ee ka preparéieren an dat op esou vill verschidde Manéieren, d’Méiglechkeeten si quasi onbegrenzt. Eise Slogan ass „Eat tasty food!“ Dat wichtegst fir mech ass, datt et gutt schmaacht, datt et fir d’Leit souguer e Geschmaachserliewnis ass.
Wéi wichteg ass fir iech d’Nohaltegkeet beim Kachen?
Wéi gesot, de gudde Geschmaach huet fir mech déi éischt Prioritéit. Doraus ergëtt sech logescherweis, datt mäin éischte Critère beim Akafen d’Qualitéit ass. Dat ass zu 98% vun der Zäit och méiglech aus dem Bio-Ubau ze kréien. Heiansdo ass et schwiereg lokal Produiten opzedreiwen, mee et ass seelen, datt mir kéng gutt Léisung fannen. Et ginn och ëmmer méi vegan Produiten. Wéi an alle Secteuren, gëtt et och hei gutt a schlecht Qualitéit, do ass et natierlech um Konsument, säi Choix ze maachen an domat och de Maart ze beaflossen.
Heescht dat automatesch, datt äert Iessen gesond ass?
Ech hu festgestallt, datt dat wat gutt schmaacht och ganz oft gesond ass. Mir verzichten op Fleesch, verwäerten nëmme wéineg Fett, nëmmen héichwäertegen Ueleg, kee raffinéierten Zocker mee Agavendécksaaft. Ween sech méi laang esou ernäert, mierkt, datt en sech och geschwënn méi gesond spiert!
Oak 2Komme bei iech nëmmen „agefleeschte“ Veganer iessen?
Natierlech sinn d’Veganer glécklech, datt et ëmmer méi vegan Restaurante gëtt. Mee eis Clientèle besteet zu 80-90% aus Leit, déi kéng besonnesch Iessgewunnechten hunn. Et ass och fir mech kéng Prioritéit, d’Leit ze bekéieren fir Veganer ze ginn. Ech fannen et einfach flott, hinne gutt Iessen opzedëschen. Verschiddener wëssen am Ufank emol net, datt et vegan ass. Dat steet och net grouss do. D’Leit iesse gutt, mierken awer datt et anescht ass an da kënnt een eventuell an d’Gespréich. Duerch dat gutt Iessen ginn d’Leit och méi oppen fir iwwert Ethik beim Iessen an iwwert de Klimaaspekt nozedenken. Dat ass vill méi positiv, wéi Leit mat de Konsequenzen vun hirem konventionellen Iessen ze konfrontéieren, woubäi si sech wahrscheinlech attackéiert géinge spieren an an de Réckzuch ginn. Mäi Grondusatz ass, datt d’Leit ewechkommen vun der Iddi, datt vegaant Iessen net a Fro kënnt, well et net gutt schmaacht. D’Iwwerraschung vun de Leit, wa se bei eis iessen, gëtt mir geleeëntlech d’Méiglechkeet hinnen dat eent oder anert ze erklären, wann si mech froen. Verschidde Leit fannen d’Iddi dann interessant an iwwerleeën zum Beispill e veganen Dag an der Woch anzeleeën. Duerch déi flott Erfarung déi se bei eis maachen, si si prett, eppes Neies ze entdecken.
Wat bedeit fir iech perséinlech „eng gutt Liewensqualitéit“?
Gesondheet ass fir mech de Grondprinzip, ouni deen näischt geet. Et ass de Fundament fir alles anescht, ouni eng gutt Gesondheet, ass et bedeitend méi schwéier, eng gutt Liewensqualitéit ze hunn.
Eng gutt Liewensqualitéit hunn ass fir mech gläichbedeitend mat glécklech, d.h. zefridde sinn am Liewen. Dofir ass fir mech d’Aarbecht ganz wichteg, den Oak-Bistro ass meng Leidenschaft. Et ass wichteg, Erfëllung an deem ze fannen, wat ech maachen. E Beruff deen mir Spaass mécht a mat deem ech en Ziel verfollegen, gëtt mengem Liewe Sënn. Dat fannen ech fir mäi Liewen a fir meng Zefriddenheet ganz wichteg.

Cédric Feyereisen, Merci fir dëst interessant Gespréich!

Mir soen dem Bistro Oak och Merci fir d'Photoen bei dësem Artikel!

 


vertical 2021 

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer

Enregistrer



Contact

Fondation Partage Luxembourg

291, rue de Rollingergrund 

L-2441 Luxembourg

Tél. +352 26 842 650

logo fondation partage luxembourg Q

Copyright © Partage 2016

 Nos Partenaires 

 Cercle 2019 noir et blanc     CIDSE logo FR 2022 logo de base couleur positif rvb kierch nb votum logo300dpi gris INFOGREEN NB